| Team | Racing | Shop | Sponsor | Fotoen | Links |
| Wëllkomm | BKS-Trophy 2012 | Team-shop | Sponsoren | Albumen | Kart Pisten |
| Piloten | BKS-Trophy 2013 | Karting | Don | Foto vum Mount | Divers |
| Geschicht | Events (Kalenner) | Divers | Sponsor Links | Archiv Foto v.Mount | Kontakt |
| A.s.b.l. | Resultater | Gefällt
mir |
|||
| Press | last
update ![]() |
||||
|
Kart-Sport. Karting kënnt aus Amerika,1950. Den Art Inges hat als éischten e Motor op e Chassi gebaut. Kanadesch Holzfäller hunn och scho Karten mat Motorseeën- Undriff gebaut. 1957 ass et du lass gaange mat Rennen, 60 woren éischt ofiziell Rennen, an de „Go-Kart Club of America“ ass entstan. US-Zaldoten hunn 58/59 de Kart matt an Europa bruecht. Et ass dobausse gefuer ginn an d’Entwécklung vun de Kartern ass och weider gaang. Mëtt der 90er sin dunn och Indoor Haale gebaut ginn.
1995 ass BKS dat éischt Renne bei der "ADAC Kart-Langstrecken Meisterschaft" mat gefuer, an op Plaz 3 gelannt. Dat Joer drop hate se awer vill Pech matt "Einheitsmotoren" an "Disqualifizierungen". Si hu matt den d'ADAC-Rennen opgehal, a si just nach Indoor gefuer. 1998 ass et richteg lass gaang mat 24 Stonnen-Rennen zu Augny, Mexy, Talange, Grüfflingen, Bitburg (bei Minus 10°Cel.) 4 an 12 Stonne-Rennen zu Kerpen, Konz, Nürburgring, Namur ... 1999 ass just nach de Fränz S. vun de Grënner derbäi. Hie formt lues a lues eng Mannschaft wou och bekannte Nimm vu Piloten optauchen, wéi z.B. Tom Ke., Darren Br., Steve K. oder Jeff Ra. . Verschidde Pilote fueren also vun elo u fir BKS. 2000 ass och erëm Outdoor gefuer ginn. Déi éischt Saison am Yamaha-Cup huet gewisen datt de Kart-Motorsport vu Joer zu Joer méi rau gëtt. Trotzdem fiert BKS-Racing ëmmer mat. 2004 war erëm vum Pech gezeechent. Vill Motore si geplatzt. 2005 gëtt décidéiert Outdoor just nach fir de Spaass ze fueren, a keng Meeschterschafte méi. Drei Piloten trennen sech du vu BKS, well se awer nach Kompetioun fuere wëllen. BKS kritt am August eng nei Home-Page (www.bks-racing.party.lu), wou sou zimlech all Informatioune vun an ëm d'Team drop sinn. 2006 BKS ass fir de Moment nach vill am Indoor awer och nach op "Locatioun-Karten" am Outdoor derbäi. Eng BKS-Trophy vun 13 Indoor Rennen am Joer gëtt vum Team organiséirt. Am August 2006 huet BKS-Racing d’Statuten vun enger A.s.b.l. (Association sans but lucratif) kritt, an ass domat elo en offizielle Veräin. A wie wees waat d'Zukunft nach brénge wäert. |
| Top of page |