Team
Racing Fan-Shop
Sponsor
Fotoen
Links
Wëllkomm Trophy 2020 Jackets Sponsoren Albumen Kart Pisten
Piloten Trophy Shirts Don Foto vum Mount Divers
Geschicht Events (Kalenner) Polo-, T-Shirts Sponsor Links Archiv Foto v.Mount Kontakt
A.s.b.l. Resultater Stickers     Gefällt mir
Press Trophy säit 2006 Gadgets   last update   
Wëllkomm:

Bass de um Kartsport intresséiert?
Scho mat 6 Joer kann een ufänken mat fueren. Am beschte geet dat op méi klenge Karts, egal ob am Indoor oder Outdoor. Lues a lues, je no Talent, a wat ee méi grous gëtt, geet een dann op méi grouss Karts iwwer, déi sinn dann och méi schnell. Am Indoor léiert ee ganz genau fueren, grad sou wéi beim Slalom. Dat ass ganz wichteg. An de Rennen muss ee genau wëssen ob de Kart nach lanscht geet oder net.
 
Karting ass en interessante Sport:
Vill Leit mengen et giff een nëmmen do sëtzen: Falsch, et kënnt ee gut an de Schweess. All Muskele si gefrot: Äerm, Rëck a Genéck, awer och d`Been. An eng gut Konditioun ass speziell fir d`Laangzäitrenne gefrot. Et ass relativ einfach fir ze fueren, awer eppes méi schwéier fir gutt a schnell ze fueren. An dobäi gett ee sou richteg midd. Probéier et aus, wanns de et nach net gemaach hues.
 
BKS-Motto:
Onsen Teamchef seet: "Karting soll net nëmme Stress sinn ...ma et soll och fir de Spaass gerullt ginn." Dat gesi mir och esou: "Karting - Just for Fun".
 
BKS-Logo:
An dat hei ass eis Maskottchen a BKS-Logo: Karrikatur vum Pilot am Kart, viru lëtzebuergeschem Fändel. En ass entworf ginn vum Chrëscht a bréngt ons scho säit ville Joere Gléck.
 
BKS-Homepage:
Fir de Kart-Sport a BKS nach méi bekannt ze machen, hu mir am August 2005 eng BKS-Homepage entworf. Mir probéieren do, sou vill wéi méiglech Informatiounen drop ze setzen, an och regelméisseg Updates ze maachen.
 
Start:
E gudde Start ass scho ganz wichteg ... vu baussen gesinn, ass beim Start (vu bis zu 48 Karts) oft Gewulls. Am Kart selwer ass et net grad sou schlëmm. Do spillen just deen virdrun an hannendrun eng Roll. Dat geet och schon duer! Interessant ass et definitiv!
 
Oppassen:
Ah jo, ze vill um Gas hänken ass och net ëmmer d'Léisung, soss kann et scho mol an d`"Kiesbett" goen. Oppassen soll een ëmmer: ob am Indoor oder am Outdoor.
 
Karting ass d`Basis vum Motorsport!
Et kann ee roueg soen, dass de Karting d'Basis vum Motor-sport ass. Bal all bekannte Piloten sinn iwwert de Karting zum Motorsport komm.
 
En eegene Kart?
Et gett nëmmen zwou Méiglechkeeten: Locatioun (vun de Pisten oder engem Team) oder selwer e Kart kafen. Wann een sech dann entscheet huet fir selwer e Kart ze kafen, brauch een och eng Plaz fir en ënner Dach ze stellen. Niewent vill perséinlechem Asatz an engem gewësse Budget brauch een och e minimum un "Know-How" an Handwierksgeschir, sou wéi eng Transportméiglechkeet (Remorque oder Camionette). Wann een dann ob der Piste ass, muss een alles wat ee sou brauch dobai hun: Ueleg a Bensin, Geschir a vill Ersatzstécker, Ketten, Pneuen an all de Rescht. Et ass ouni Zweiwel eng ganz aner Saach, ob een alles selwer mécht oder Locatioun fuere geet.
 
Décke Merci,
BKS-Racing Team
P.S.: Wëllkomm sinn och Commentairen, Ännerungsvirschléi, Verbesserungen oder Ergänzungen. Dir kënnt eis se och e-mailen (Adress steet bei: Kontakt).