|
C
h a m p i o n n a t * 6 5 / 7 5 *
NEWS.
NEWS. NEWS!!!!!!!!!!!
Un all eis léif Kartfrëndinnen a Frënn.
Eis 2 "FR"en, Frank a Fränz, wëllen een neie Championnat an d’Liewe ruffen. Et gouf schonn zënter enger gewësser Zäit gemunkelt, dass si eppes fir déi e besse méi al wéilte maachen. Ma elo soll et esou wäit sinn!! Et ginn Neel mat Käpp gemaach. Et gët een neie Championnat wa mir Leit genuch zesumme kréien. Hei d’Reegele vum Spill: 1) Mir fueren an 2 Altersklassen. a) Eemol alles wat virun 1965 gebuer ass. (Klass *65) b) Eemol alles wat zwëschen 1965 an 1975 gebuer ass. (Klass *75) An eemol alles wat duerno gebuer ass. Dës jonk Leit däerfen zum Spaass un der Saach matfueren, fueren awer ausser Wertung mat. Si können och nëmme matfueren, falls nach Plaze fräi sinn.(just for fun!!) 2) Mir treffen eis 4x am
Joer 2012.
Pro Treffe fuere mir 3 Course mat engem Quali 5-10 min. Uschléissend Course 25-30 min.(x3) Dat Ganzt op 4 verschiddene Circuiten.(d’Datumer musse mir nach bestätegt kréien.) 1x Dolhain den 08.03.2012 um 19.30 1x St.Vith den 02.05.2012 um 19.30 1x Spa den 23.06.2012 um17.00 1x Augny den 19.09.2012 um 19.30 3) Aschreiwung 3) 1) Aschreiwung fir d’Klassen *65 an *75 a) Dee ganze Championnat kascht Dech 400,00 Euros. Dovu sollten 200.00 Euros bis de 15.02.2012 op de BKS-Konto mat der Nummer: BIC: CCPLLULL IBANLU271111250138720000 mam Vermierk: Championnat *65/75* iwwerwise sinn. Déi aner 200.00 Euros sollte bis de 15.06.2012 iwwerwise sinn. b) d’Aschreiwung erfollegt nom Agang vun äre Paiementer. Déi éischt 16 Leit déi bezuelt hunn, können all Course matfueren. c) Ewéi gesot, et ginn 4 Coursen zu 3 Leef gefuer, an, an all Klass kréien déi éischt 5 ee klenge Präis bei eiser Ofschlossfeier vum Joer 2012. d) Wëlls Du nëmme sporadesch matfueren, dann zielt den effektive Präis vun der jeeweileger Pist als Prix d`engagement. 3) 2) Aschreiwung fir déi jonk Leit (hors concours) Dës Pilote solle sech beim Fränk mellen (Tél 514336 oder mail f1@formulasports) a soe wat fir eng Coursen si gäre géife matfueren. Och hei erfollegt d’Aschreiwung nom Agang vun den Umeldungen. Den Dag virun der Course gëtt da bekannt, wee vun de „jonke Leit“
nach ka matfueren.
4) Reglement : a) De Punktesystem gëtt nom BKS sengem Reeglement gehandhaabt. b) Et ginn 3 Sträichresultater (bei 12 Coursen) c) d’Départs sinn identesch ewéi bei F1/Desp, dat heescht, dass deen éischten Tour net dierf iwwerholl ginn. d) All aner Reegele sinn identesch mat de Reegelen déi bei BKS niddergeschriwwe sinn. 5) Mir ginn dësem Championnat den Numm Championnat *65/75* 6) Falls et Onkloerheeten, Froen oder Verbesserungsméiglechkeete ginn, da mell Dech w.e.g. beim Fränk oder Fränz. Ciao, är 2 FRen ------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------- Ageschriwwe sinn: 1) Jick (confirméiert)
2) Frank Gu. (confirméiert)* 3) Fränz (confirméiert) 4) Leo Go. (confirméiert) 5) Didier (confirméiert) 6) Gautscho (confirméiert) 7) André To. (confirméiert) 8) 9) 10) 11) 12) 13) 14) 15) 16) 17) 18) 19)
20)
-------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||